Dieser Artikel (Hämmelsmarsch-Brunnen) ist im Entstehen begriffen und noch nicht Bestandteil der freien Enzyklopädie Wikipedia.
Wenn du dies liest:
  • Der Text kann teilweise in einer Fremdsprache verfasst, unvollständig sein oder noch ungeprüfte Aussagen enthalten.
  • Wenn du Fragen zum Thema hast, nimm am besten Kontakt mit der Autorin MartinaRoell auf.
Wenn du diesen Artikel überarbeitest:
  • Bitte denke daran, die Angaben im Artikel durch geeignete Quellen zu belegen und zu prüfen, ob er auch anderweitig den Richtlinien der Wikipedia entspricht (siehe Wikipedia:Artikel).
  • Nach erfolgter Übersetzung kannst du diese Vorlage entfernen und den Artikel in den Artikelnamensraum verschieben. Die entstehende Weiterleitung kannst du schnelllöschen lassen.
  • Importe inaktiver Accounts, die länger als drei Monate völlig unbearbeitet sind, werden gelöscht.

Vorlage:Infobox Monument Den MartinaRoell/Hämmelsmarsch-Brunnen ass e Buer um Roude Pëtz an der Stad, deen 1981/82 vum Wil Lofy sculptéiert gouf.

De Buer setzt sech aus engem sechseckege Baseng aus rosaem Granit an engem sechseckege Sockel zesummen, op deem eng bronze Skulptur steet. D'Skulptur besteet aus enger Figuregrupp - 4 Museker, 5 Schof an 2 Kanner - déi en Hämmelsmarsch duerstellen. Op enger Säit vum Sockel steet dann och als Explikatioun: "Hämmelsmarsch - cortège folklorique formé le jour de kermesse". Aus den Instrumenter drëpst, resp. sprutzt Waasser an de Baseng ronderëm.

De Kënschtler huet sech selwer an enger vun de Figuren, dem Akkordeonist, veréiwegt.

De Buer deen zu Pietrasanta bei Carrara an Italie gegoss gouf, ass Enn August 1982, mat der Ouverture vun der Schueberfouer, ageweit ginn[1].

Déi ursprénglech donkelbrong a goldfaarweg Patina ass iwwert d'Joerzéngte komplett verwittert an duerch d'Oxidatioun vum Koffer an der Bronze-Legéierung vun enger Schicht Gréngespoun iwwerzunn. Do dernieft gëtt et och Kallekoflagerung do wou d'Waasser aus den Instrumenter sprutzt. Fir d'Skulptur nees an d'Rei ze bréngen, gouf s'Enn Oktober 2023 ewechgeholl, fir datt s'am franséischen Atelier Fonderie de Coubertin zu Saint-Rémy-lès-Chevreuse restauréiert ka ginn[2].

Um Spaweck Bearbeiten

Commons: MartinaRoell/Hämmelsmarsch-Brunnen – Sammlung von Bildern, Videos und Audiodateien

Vorlage:Referenzen an Notten


[[Kategorie:Skulpturen an der Stad Lëtzebuerg]] [[Kategorie:Skulpturen 1982]] [[Kategorie:Uewerstad]] [[Kategorie:Bueren an der Stad Lëtzebuerg]]

  1. Quell vum Artikel: kuckt Isabelle Yegles a Rolphe Ketter Um Spaweck
  2. Vorlage:Citation