Um Enn vum Fréimëttelalter hu sech um Ufer vun der Uelzecht Handwierker néiergelooss, déi d'Waasser vum Floss genotzt hunn, fir hire Beruff auszeüben. Am 11. Joerhonnert ass hei d'Poar vum St. Ulrich gegrënnt ginn. Esou huet sech d'Ënnerstad gebilt, déi ugaangs nach ante portas lung, bis datt se am 14. Joerhonnert vun der drëtter Réngmauer, déi op de Wenzel II. zréckgeet an dofir och nach Wenzelsmauer genannt gëtt, protegéiert gouf.
Wéi d'Mënsterabtei am Joer 1543 zerstéiert gouf, sinn d'Benediktiner an de Gronn an d'Hospiz St Jean geplënnert an hunn do d'Neimënsterabtei gegrënnt, déi no engem Brand am Joer 1684 neess opgebaut gouf an nach haut besteet. Haut ass do de Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster.
Well vun ugangs 19. Joerhonnert bis an d'1980er Joren hei de Prisong war, stung den Ausdrock "am Gronn sinn" (oder "sëtzen") euphemistesch fir "am Prisong sinn".
Soss nach Kuckeswäert am Gronn ass den Nationalmusée fir Naturgeschicht.
Vun der Uewerstad aus, dem fréieren Kasärenhaff, kënnt een haut mat engem Lift, deen op eng Ureegung vum fréieren Staatsminister, Pierre Werner, gebaut gouf, rof an de Gronn.
verbreitet werden – vervielfältigt, verbreitet und öffentlich zugänglich gemacht werden
neu zusammengestellt werden – abgewandelt und bearbeitet werden
Zu den folgenden Bedingungen:
Namensnennung – Du musst angemessene Urheber- und Rechteangaben machen, einen Link zur Lizenz beifügen und angeben, ob Änderungen vorgenommen wurden. Diese Angaben dürfen in jeder angemessenen Art und Weise gemacht werden, allerdings nicht so, dass der Eindruck entsteht, der Lizenzgeber unterstütze gerade dich oder deine Nutzung besonders.
https://creativecommons.org/licenses/by/2.0CC BY 2.0 Creative Commons Attribution 2.0 truetrue
Diese Aufnahme wurde mit einer Nikon D300 erstellt.
Diese Datei enthält weitere Informationen (beispielsweise Exif-Metadaten), die in der Regel von der Digitalkamera oder dem verwendeten Scanner stammen. Durch nachträgliche Bearbeitung der Originaldatei können einige Details verändert worden sein.